Op den Inhalt sprangen

Departement Vosges

Vu Wikipedia
Vosges (88)
Regioun Grand Est
Prefecture �pinal
�nnerprefecture Neufch�teau
Saint-Di�-des-Vosges
Bev�lkerung 380.952 Aw.(1999)
Fl�ch 5.874 km�
Arrondissementer 3
Kantonen 31
Gemengen 515

D'Departement Vosges (88) ass e frans�ischt Departement, an der Regioun Grand Est. S�in Numm huet et vun de Vogesen (fr.: Vosges), engem Biergmassiv, dat sech iwwer w�it Deeler vu sengem Territoire ausbreet.

D'Departement Vosges gouf zesumme mat 82 aneren Departementer �nner der Frans�ischer Revolutioun, de 4. M�erz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.

1793 ass d'F�rstentum Salm, dat bis dohin eng Enklav war, ugefrot, fir Deel vu Frankr�ich ze ginn. 1795 ass d'G�igend vu Schirmeck, dat zum Departement Bas-Rhin geh�iert huet, un d'Vosges rattach�iert ginn.

1871, duerch den Trait� vu Frankfurt, huet D�itschland de Kanton Schirmeck an d'Hallschent vum Kanton Saales annex�iert an un de Bas-Rhin ugegliddert. Do blouwe se weiderhin, och nodeem, nom Trait� vu Versailles, d'Elsass nees frans�isch gouf.

D'Departement Vosges geh�iert zu der Regioun Grand Est, ronder�m leien d'Departementer Meuse a Meurthe-et-Moselle am Norden, Bas-Rhin an Haut-Rhin am Osten, den Territoire de Belfort an d'Haute-Sa�ne am S�den an Haute-Marne am Westen.

Dr�i Flossbasenge leien an d�sem Departement: dee vum Rh�in (mat der Musel an hiren Niewefl�ss, dor�nner d'Vologne an d'Meurthe), dee vum Rh�ne duerch d'Sa�ne an dee vun der Meuse.

Et g�tt zwou grouss Landschaften: Westlech vun Epinal ass eng hiwweleg G�igend. Den Osten, zum Deel op Granit, zum Deel op Sandsteen ass m�i h�ich a vun Noleb�scher domin�iert. Deen h�chste Punkt l�it am parc r�gional des Ballons.

D'Awunner ginn op Frans�isch Vosgien(ne)s genannt.

Leit, d�i am Departement Vosges gebuer sinn

[�nneren | Quelltext �nneren]
  • Bertrand Munier, 1791-2003: Le Grand livre des �lus vosgiens (conseillers g�n�raux et r�gionaux - d�put�s - s�nateurs - ministres), Harouey, �ditions G�rard Louis, 2004, 381 S. ISBN 2-914554-34-6. (fr)
  • Albert Ronsin (sous la direction de), Les Vosgiens c�l�bres. Dictionnaire biographique illustr�, Vagney, �ditions G�rard Louis, 1990, 394 S. ISBN 2-907016-09-1. (fr)


Commons: Vosges – Biller, Videoen oder Audiodateien