Op den Inhalt sprangen

Greta Garbo

Vu Wikipedia
Greta Garbo
am Film "Wild Orchids" (1929)
Gebuertsnumm Greta Lovisa Gustafsson
Gebuer 18. September 1905
Gestuerwen 15. Abr�ll 1990
New York
Doudesursaach Longenentz�ndung
Nationalit�it Schweden, USA
Aktivit�it Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller
D'Garbo am Film "Inspiration" (1931)
D'Garbo um Cover vun der New York Sunday News (1937)

D'Greta Garbo, gebuer als Greta Lovisa Gustafsson den 18. September 1905 zu Stockholm a gestuerwen de 15. Abr�ll 1990 zu New York, war eng schweedesch Filmschauspillerin. Si war eng vun den emblemateschsten Hollywood-Staren aus Z�it vum Stommfilm an der klassescher Z�it vun den 1930er Joren. D'Garbo gouf dr�imol fir den Oscar als bescht Schauspillerin nomin�iert a krut 1954 den �ieren-Oscar fir hir "liichtend an onvergiesslech Performancen um Ecran." Am ganzen huet si bannent 17 Joer 28 Filmer gedr�it.

Si huet hir Carri�re 1924 mat enger Nieweroll am schweedesche Film The Saga of Gosta Berling ugefaangen. De Louis B. Mayer, Chef vun der Metro Goldwyn Mayer (MGM) gouf doranner op si opmierksam, an huet se 1925 op Hollywood bruecht; direkt mat hirem �ischte Film Torrent (1926) krut si vill Opmierksamkeet, a mat hirer Interpretatioun an hirem dr�tte Film, Flesh and the Devil, dat Joer drop, gouf si en internationale Star.

Den �ischten Tounfilm vun der Garbo war Anna Christie (1930), dee mam Slogan "Garbo talks!" lanc�iert gouf. Direkt duerno koum Romance, a fir di zw�i Filmer gouf si gl�ich fir den Oscar nomin�iert. D�se Succ�s huet et hir erlaabt, bei der Wiel vu Rollen an Dr�ibicher e wichtegt Wuert matschw�tzen ze k�nnen. Hir Interpretatioun vun der Haaptroll am Film Camille (eng Verfilmung vum Roman La dame aux cam�lias) g�tt vu ville Kritiker als d�i bescht aus d�r Period ugesinn. Si krut dofir eng zweet Oscar-Nomin�ierung. No e puer weidern dramatesche Filmer huet d'Garbo 1939 an der Com�di Ninotchka vum Ernst Lubitsch d'Haaptroll gespillt, wat hir eng dr�tt Nomin�ierung fir den Oscar abruecht huet. Eng weider Com�die war Two-Faced Woman (1941), hire leschte Film.

1941 huet si sech aus dem Schauspillliewen, mat just 36 Joer, zer�ckgezunn. All Propos sp�iderhin, nach eng K�ier e Film ze dr�ien, huet si refus�iert. Si huet zer�ckgezunn gelieft, war net bestuet, hat keng Kanner, an huet sech virun allem fir hir Konschtsammlung begeeschtert, d�i, no hirem Doud, Millioune w�ert war.

Joer Titel Roll Note
1920 Herr och fru Stockholm Eeler Schw�ster
1921 Konsum Stockholm Promo Actrice Kuerzfilm
1921 En Lyckoriddare Aarbechterin
1922 K�rlekens �gon Statisteroll
1922 Luffar-Petter Greta
1924 G�sta Berlings Saga Elizabeth Dohna
1925 Die freudlose Gasse Greta Rumfort
1926 Ib��ez' Torrent Leonora Moreno, genannt La Brunna
1926 The Temptress Elena
1926 Flesh and the Devil Felicitas
1927 Love Anna Karenina
1928 The Divine Woman Marianne
1928 The Mysterious Lady Tania Fedorova
1928 A Woman of Affairs Diana Merrick Furness
1929 Wild Orchids Lillie Sterling
1929 The Single Standard Arden Stuart Hewlett
1929 The Kiss Irene Guarry
1930 Anna Christie Anna Christie
1930 Romance Madame Rita Cavallini
1931 Anna Christie Anna Christie
1931 Inspiration Yvonne Valbret
1931 Susan Lenox (Her Fall and Rise) Susan Lenox
1931 Mata Hari Mata Hari
1932 Grand Hotel Grusinskaya
1932 As You Desire Me Zara aka Maria
1933 Queen Christina Queen Christina
1934 The Painted Veil Katrin Koerber Fane
1935 Anna Karenina Anna Karenina
1936 Camille Marguerite Gautier
1937 Conquest Countess Marie Walewska
1939 Ninotchka Nina Yakushova 'Ninotchka' Ivanoff
1941 Two-Faced Woman Karin Borg Blake
Commons: Greta Garbo – Biller, Videoen oder Audiodateien