Op den Inhalt sprangen

Indien

Vu Wikipedia
भारत गणराज्य
Bhārat Ganarājya

Fändel vun Indien

Wope vun Indien

Detailer

Detailer
National Devise: Satyamēva Jayatē
("Eleng d'Wouerecht triumphéiert")
Offiziell Sprooch: Englesch
Hindi
21 aner Sproochen
Haaptstad: Nei-Delhi
Staatsform: parlamentaresch Republik
 • Presidentin: Draupadi Murmu
 • Premierminister: Narendra Modi
Fl�ch: 3.166.414 km²
Bev�lkerung: 1.428.627.663
 • Bev�lkerungsdicht: 143/km²
Onofh�ngegkeet: 15. August 1947
Nationalfeierdag: 14. Juli
Nationalhymn: Jana Gana Mana
W�rung: Indesch Rupie (INR)
Z�itzon: UTC +5:30
Internet TLD: .in
Internationalen
Telefonsprefix
:
+91
Hindu-Tempel zu Mysore
D'Eise Sail, d�i net rascht, zu Delhi aus der Gupta-Z�it.
Den Taj Mahal gouf vum Groussmogul Shah Jahan fir seng Fra Mumtaz Mahal gebaut.

D'Republik Indien l�it um S�de vum asiatesche Kontinent.

Geschicht

Virgeschicht a klassesch Epoch

D'Zivilisatioun am Dall vum Indus, gr�isstendeels am haitege Pakistan, war eng vun den �ischten H�ichkulturen op der Welt, mat enger eegener Schr�ft, der Indus-Schr�ft, d�i bis ewell net entziffert konnt ginn. G�int 2500 v. Chr. gouf et do schonn Stied, d�i no Plang gebaut waren, w�i Harappa, wou et eng Kanalisatioun, e Mierhafen a Bieder gouf. M�i w�it am Osten huet sech d�i sougenannt Copper Hoard Culture entw�ckelt. Vu 1700 v. Chr. un ass d'Indus-Kultur lues a lues zerfall, firwat, ass net gewosst.

Eng wichteg Epoch war d'Veda-Z�it (ongef�ier 1500 v. Chr. bis 500 v. Chr.), an d�r d'F�llementer vun der haiteger Kultur geluecht goufen. Um Enn vun der Veda-Z�it goufen d'Upanishade geschaf, d�i a villerlee Hisiicht d'Basis si vun den 3 Reliounen, d�i an Indien entstane sinn, n�mlech dem Hinduismus, dem Buddhismus an dem Jainismus. An d�r Z�it goufen och d'Ganges-Uw�nner urbanis�iert a regional Kinnekr�icher, w�i dat vu Magadha sinn entstanen.

Vum 6. Joerhonnert v. Chr. un huet sech de Buddhismus ausgebreet, dee ronn 500 Joer laang nieft dem Hinduismus d�i wichtegst reli�is-philosophesch Str�imung war. Am 4. Joerhonnert v. Chr. ass �nner der Dynastie vun de Maurya fir d'�ischt K�ier en indescht Groussr�ich entstanen, dat �nner dem Ashoka bal dee ganze Subkontinent abegraff huet. Nodeem en eng R�tsch Eruewerunge gemaach hat, huet den Ashoka sech dru ginn, de Buddhismus am eegene Land, m� och op Sri Lanka an a Birma ze verbreeden. No sengem Doud ass d'Maurya-R�ich lues a lues nees an eng Abberzuel Klengstaaten zerfall, d�i er�ischt am 4. Joerhonnert n. Chr. vun de Gupta nees zu engem Groussr�ich an Nordindien vereent konnte ginn. Indien hat, duerch de Buddhismus, e wesentleche kulturellen Afloss op d�i ganz G�igend vun Zentral- an Ostasien. D'Verbreede vum Hinduismus a vum Buddhismus iwwer Indochina bis an dat haitegt Indonesien huet der Kultur vun deene L�nner s�i Stempel opgedr�ckt. Den Harshavardhana, deem seng Herrschaft an Nordindien am 7. Joerhonnert den Iwwergank zum indesche M�ttelalter mark�iert, g�llt als dee leschte grousse F�rderer vum Buddhismus an Indien.

D'indescht M�ttelalter an d'Z�it vum Mogulr�ich

Am 8. Joerhonnert koum duerch arabesch Eruewerungen den Islam an Nordindien. M� er�ischt am 12. Joerhonnert koum et no der Eruewerung vun zentralasiateschen islamesche Muechten zu enger Dominanz vu mosleemesche Staaten am Norden an zu der Islamis�ierung vu groussen Deeler vun der Populatioun vun do. D'Sultanat vun Delhi huet seng Muecht souguer eng kuerz s�it an de S�de k�nnen ausbreeden, s�i kulturellen Afloss blouf awer op den Norde begrenzt. Duerch den Iwwerfall vun de Mongolen am Joer 1398 gouf d'Sultanat sou geschw�cht, datt d�i hinduistesch Regionalr�icher nees m�i staark goufen. Er�ischt am 16. Joerhonnert, mat der Gr�nnung vum Mogulr�ich, konnten d�i islamesch Herrscher sech nees am Norden duersetzen. D'Mogulr�ich hat ronn 200 Joer, bis 1857 Bestand. Bekannt Herrscher w�i den Akbar, de Jahangir, de Shah Jahan an den Aurangzeb hunn d'R�ich net n�mme bis an Dekkan vergr�isset, m� hunn och e Staatswiesen an eng Administratioun geschaf, d�i funktion�iert huet, a se hunn d'Konscht gef�rdert. Zu d�r Z�it gouf et just nach am S�den hinduistesch Kinnekr�icher, w�i dat vu Vijayanagar.

Europ�esch Kolonialherrschaft an Onofh�ngegkeetsbeweegung

Vu 1505 un hunn europ�esch L�nner, Portugal als �ischt, domat ugefaangen, kleng St�tzpunkte laanscht d'K�st z'erueweren (vgl. Portugisesch-Indien). Vu 1756 un huet d�i brittesch Ostindien-Kompanie (British East India Company) vun hiren Hafest�tzpunkte Kalkutta, Madras a Bombay aus w�it Deeler vun Indien �nner hir Herrschaft bruecht. Den Afloss vun Holland, Frankr�ich oder Portugal gouf dob�i bal ganz iwwerdubbert. F�rsten, d�i loyal waren, hu Staate mat begrenzter Souver�nit�it k�nne behalen, w�i Hyderabad, Bhopal, Mysore oder Kaschmir. 1857/58 hunn Deeler vun der Bev�lkerung vun Nordindie sech am Sepoy-Opstand g�int d'Herrschaft vun der Ostindien-Kompanie revolt�iert. Nodeem des Revolt n�iergeschloe gi war, gouf d'Ostindien-Kompanie opgel�ist an Indien koum �nner d'direkt Kontroll vu Groussbritannien. D�i brittesch Monarchen hate vun 1877 bis 1947 zous�tzlech den Titel Empress of India resp. Emperor of India (Keeser(in) vun Indien).

Kolonialf�ndel vu Brittesch-Indien

1885 gouf zu Bombay den Indian National Congress, d�i sougenannt Kongresspartei, gegr�nnt. Ufanks huet si net d'Onofh�ngegkeet vun Indie gefuerdert, m� just d'Recht fir d'Bev�lkerung, matschw�tzen ze k�nnen. Hir Membere waren an der Majorit�it Hinduen a Parsen. D�i mosleemesch Uewerschicht huet sech dozou op Distanz gehalen. Hire Porte-parole, de Sayyid Ahmad Khan huet gefaart, datt, wann d'Majorit�itsprinzip agefouert g�if, si aus der Administratioun erausgedireegelt g�ifen. Dofir gouf 1906 d'Moslemliga gegr�nnt, fir d'Intressie vun de Moslemen ze represent�ieren.

Am �ischte Weltkrich war de gr�issten Deel vun der Populatioun loyal. M� well d'Britte bei der Opdeelung vum Osmanesche R�ich mat dob�i waren, hunn elo och vill Mosleme sech der Onofh�ngegkeetsbeweegung ugeschloss. Jorelaang Resistenz ouni Gewalt g�int d�i brittesch Kolonialherrschaft, virun allem �nner dem Mahatma Gandhi an dem Jawaharlal Nehru, huet 1947 zu der Onofh�ngegkeet gefouert.

D�i selwecht Z�it hunn d'Britten hir Kolonie Brittesch-Indien an zw�i Staate gedeelt, d�i weltlech Indesch Unioun an d�i m�i kleng Islamesch Republik Pakistan. Domat hu se d'Fuerderunge vun der Moslemliga an d�r hirem Chef Ali Jinnah erf�llt, d�i zanter den 1930er Joren �mmer m�i staark goufen, an d�i en eegenen Nationalstaat wollten.

Entw�cklungen zanter der Onofh�ngegkeet

D�s Deelung huet zu enger vun de gr�isste Verdreiwungen, resp. Fluchte vun der Geschicht gefouert. Ronn 10 Milliounen Hinduen a Sikhe goufen aus dem Pakistan verdriwwen, a ronn 7 Millioune Moslemen aus Indien. 750.000 bis eng Millioun M�nsche sinn dob�i �m d'Liewe komm.

D'F�rstestaaten d�i duerch Schutz-Trait�� mat Groussbritannie verbonne waren, hate scho virun der Onofh�ngegkeet hire B�itrett zu der Indescher Unioun erkl�ert. Just zw�in hu Problemer gemaach: Hyderabad a Kaschmir. Am Kaschmir huet de Maharaja, en Hindu, ufanks gez�ckt. Nodeem mosleemesch K�mpfer a s�i Land koumen, huet hie sech dach fir en Uschloss un Indien decid�iert. Pakistan huet dat als net rechtm�isseg betruecht, sou datt et zum �ischten Indesch-Pakistanesche Krich �m de Kaschmir (1947 bis 1949) koum. Zanterhier gloust an d�r G�igend de Kaschmir-Konflikt, deen 1965 den Zweeten Indesch-Pakistanesche Krich an 1999 de Kargil-Krich als Folleg hat.

De 26. November 1949 ass Indien dem Commonwealth of Nations b�igetrueden an de 26. Januar 1950 ass d'Verfassung a Kraaft getrueden, duerch d�i Indien zu enger Republik gouf. 1962 koum et, w�inst Grenzstreidereien, zu engem kuerze Krich mat der Volleksrepublik China, dem sougenannten Indesch-Chineesesche Grenzkrich. Well Indien eng Onofh�ngegkeetsbeweegung am deemolegen Ost-Pakistan �nnest�tzt huet, koum et 1971 zu engem dr�tte Krich t�scht Indien a Pakistan, wouropshi Pakistan gedeelt gouf an en neien, och majorit�r islamesche Staat Bangladesch geschaf gouf.

Resistenz ouni Gewalt: De Mahatma Gandhi beim Salzmarsch vun 1930
D'Indira Gandhi mam US-President Richard Nixon (1971)

Innepolitesch hat ufanks d'Kongresspartei d'Soen, �nner dem Jawaharlal Nehru, Premierminister vun 1947 bis 1964, an duerno nach bis ufanks vun den 1970er Joren. Oppositiounsparteien haten h�chsten an den eenzele Bundesstaaten, oder um kommunale Plang eppes ze soen. Er�ischt, w�i dem Nehru seng Duechter, d'Indira Gandhi, d�i 1966 Premierministesch gouf, d'Partei zentralis�iert a prob�iert huet, hir eege Muechtpositioun auszebauen, ass et der Oppositioun gelongen, sech op nationalem Niveau zu form�ieren. E Geriicht zu Allahabad huet 1975 d'Indira Gandhi fir Onrechtm�issegkeete bei de Wale vun 1971 fir sch�lleg fonnt. M� amplaz, w�i d'Oppositioun et gefuerdert huet, zer�ckzetrieden, huet d'Gandhi den Noutstand ausgeruff a bis 1977 mat Dekreter reg�iert. D�i demokratesch Grondrechter, w�i Press- oder Meenungsfr�iheet, goufe schw�ier limiti�iert. 1977 huet sech d'Onzefriddenheet vun der Bev�lkerung mat d�ser de-facto-Diktatur an enger d�itlecher Waln�ierlag fir d'Indira Gandhi ge�ussert. T�scht 1977 an 1980 bestoung fir d'�ischt K�ier d'Regierung net aus Membere vun der Kongresspartei, m� aus enger l�nksgeriichtener Koalitioun �nner dem Janata Party .

1980 koum d'Indira Gandhi duerch Walen nees zer�ck un d'Muecht. An d�s Regierungsperiod f�lt d'Kris am Punjab, wou sikhistesch Separatisten en eegene Staat gefuerdert hunn. W�i sech militant Sikhen 1984 am G�llenen Tempel zu Amritsar verschanzt haten, huet d'Indira Gandhi d'Operation Blue Star ordon�iert. Indesch Truppen hunn den Tempel gestiermt an der Okkupatioun en Enn gesat. Doropshi koum et zu bluddegen Ausernanersetzungen, deenen hiren H�ichpunkt d'Ermuerdung vun der Gandhi duerch hir Sikh Leibw�chter war. Hire Jong, de Rajiv Gandhi huet d'Regierungsgesch�fter iwwerholl, war awer net kapabel, d�i geplangt Reformen �mzesetzen. E gouf och an e Korruptiounsskandal verw�ckelt, sou datt 1989 d'Oppositioun eng kloer Victoire bei de Wale krut. 1991 bis 1996 koum awer nees d'Kongresspartei un d'Muecht. D'Regierung vum P. V. Narasimha Rao huet d'Land op wirtschaftlechem Plang no baussen opgemaach an aussepolitesch nei orient�iert. Zu sengem Reformprogramm hunn �. a. d'Privatis�ierung vu Staatsbetriber, d'Ophiewe vun Handelsbarri�ren, d'Ofschafe vu b�rokrateschen Investitiounshemmnisser a Steiersenkunge gezielt. D�i Regierungen, d�i nokoumen, hunn d�s Reforme virugefouert.

Zanter den 1980er Joren ass den Hindu-Nationalismus am Gaang, d�itlech m�i staark ze ginn. En zentralen innepolitesche Str�itpunkt ass d'Ausenanersetzung �m d'Moschee zu Ayodhya (Uttar Pradesh), d�i an d'Plaz vun engem bedeitenden Hindutempel opgeriicht gi war. 1992 hunn hinduistesch Extremisten d'Moschee gestiermt an zerst�iert, wat zu schw�ieren Debordementer am ganze Land gefouert huet. De politeschen Aarm vun den Hindu-Nationalisten, d'Bharatiya Janata Party (BJP), huet t�scht 1998 an 2004 eng Regierungskoalitioun ugefouert a mam Atal Bihari Vajpayee de Regierungschef gestallt. 2004 huet d'Kongresspartei nees d'Wale gewonnen, mat un hirer Sp�tzt der Sonia Gandhi, der Wittfra vum Rajiv Gandhi, deen 1991 ermuert gi war. Si gouf awer net Premierministesch, well d'Oppositioun se w�inst hiren italieenesche Wuerzele kritis�iert huet. An d'Plaz koum de Manmohan Singh deen �nner dem Rao Finanzminister war.

Trotz engem wirtschaftlechen Opschwonk sinn hautdesdaags d'Haaptproblemer an Indien nach �mmer de w�it verbreeten Aarmut, eng staark Iwwerbev�lkerung, �mweltproblemer, an d�i ethnesch a reli�is Konflikter t�scht den Hinduen an de Moslemen. Dob�i k�nnt de Str�it mat Pakistan �m d'Kaschmir-Regioun, wat besonnesch kriddeleg ass, well souwuel Indien, w�i och Pakistan, Atombommen hunn. An deene leschte Jore sinn d�i zwee L�nner awer liicht openaner zou gaangen.

Terrorismus an Indien

Zanter 1986 k�mpfe verschidde Grupp�ierungen am Kaschmir fir d'Onofh�ngegkeet oder fir en Uschloss un de Pakistan. �mmer nees koum et zu Attacken op Ariichtunge vum indesche Staat, w�i z. B. am Oktober 2001 op d'Regionalparlament vu Jammu a Kashmir zu Srinagar, op d'indesch Arm�i, d�i do station�iert ass, oder op hinduistesch Awunner oder Pilger.

Och op anere Plazen am Land koum et zu Uschl�i vu kaschmiresche Separatisten oder islamisteschen Terrororganisatioune w�i der Lashkar-e-Toiba. Déi bis ewell schrooste Serie vun Attentater war am Mäerz 1993, wéi zu Mumbai duerch Attacken op d'Bourse, op Hoteller, Zich a Bensinnsstatiounen 257 Leit ëm d'Liewe koumen an der iwwer 1100 blesséiert goufen. Am Dezember 2001 hunn Islamisten d'Parlament su Nei-Delhi gestiermt, dobäi koume 14 Leit ëm d'Liewen. 52 Doudeger gouf et am August 2003, wéi zwéin Taxien, déi mat Sprengstoff gefëllt waren, zu Mumbai explodéiert sinn. Dräi Bommenattentater op Mäert zu Nei-Delhi am Oktober 2005 hunn 62 Affer kascht. Am Mäerz 2006 sinn zu Varanasi duerch zwou Bommen 20 Mënschen doutgemaach ginn. Bei de Bommenexplosiounen an Zich, am Juli 2006 koume ronn 200 Leit ëm d'Liewen a goufen der iwwer 700 blesséiert. Den 18. Februar 2007 sinn am „Frëndschafts-Express“, der eenzeger Zuchverbindung tëscht Indien a Pakistan zwou Bommen explodéiert, op d'mannst 65 Mënsche si leie bliwwen.

De 25. August 2007 sinn zu Hyderabad alt nees eng Kéier zwou Bommen an d'Luucht gaangen (eng drëtt konnt entschäerft ginn), woubäi op d'mannst 42 Leit hiert Liewen hu misse loossen.

Politik

No der Constitutioun vun 1950 ginn d'Parlament an de Staatschef vum Vollek gewielt.

Administrativ Andeelung

Indien ass an 29 Bundesstaaten (engl. States) a siwen Uniounsterritoiren (engl. Union Territories) agedeelt, déi an am Ganze 603 Distrikter (engl. Districts) ënnerdeelt sinn. An e puer Bundesstaate ginn Distrikter zu Divisiounen (engl. Divisions) zesummegefaasst. Ënner den Disitriker kommen d'Tehsilen (oder och Taluken), Bléck a Subdivisions. Deen ënneschten administrativen Niveau sinn d'Dierfer, déi zum Deel a sougenannten Hoblien zesummegefaasst kënne ginn.

D'Uniounsterritoire gi vun der Zentralregierung zu Nei-Delhi verwalt. D'Bundesstaaten dogéint hunn eege Parlamenter an eng eege Regierung. Regierungschef vun engem Bundesstaat ass den Chief Minister. Formell ënnersteet deen engem Gouverneur, dee vum Bundespresident ernannt ass.

Fir déi kommunal Verwaltung ass a grousse Stied d'Municipal Corporation zoustänneg, a méi klengen d'Municipalities. Am ländleche Raum gëtt nom Panchayati Raj System gefuer. Dëse besteet aus gewielte Conseilen (Panchayat) um Niveau vum Duerf, vum Block a vum Distrikt. Jee no Bundesstaat sinn d'Zoustännegkeeten anescht.

Déi haiteg Andeelung geet op de States Reorganization Act vun 1956 zeréck. D'Mammesprooch vun den Awunner war e wichtege Krittär fir d'Grenzen nei ze zéien. Den 1. Mee 1960 gouf de Staat Bombay an déi zwéi Staate Gujarat a Maharashtra opgedeelt. 2000 sinn dräi nei Bundesstaaten entstanen: Jharkhand, Chhattisgarh an Uttarakhand.

Bundesstaaten

Bundesstaaten an Unionusterritoiren
D'Secundra Bagh bei Lucknow, dat wärend dem Sepoy-Opstand vun de Britte gestiermt gouf. Foto vum Felice Beato, Mäerz 1858.
AP Andhra Pradesh
AR Arunachal Pradesh
AS Assam
BR Bihar
CG Chhattisgarh
GA Goa
GJ Gujarat
HR Haryana
HP Himachal Pradesh
JK Jammu a Kashmir
JH Jharkhand
KA Karnataka
KL Kerala
MP Madhya Pradesh
MH Maharashtra
MN Manipur
ML Meghalaya
MZ Mizoram
NL Nagaland
OR Orissa
PB Punjab
RJ Rajasthan
SK Sikkim
Telangana
TN Tamil Nadu
TR Tripura
UA Uttarakhand
UP Uttar Pradesh
WB Westbengalen (West Bengal)

Unionsterritorien

AN Andamanen an Nikobaren
CH Chandigarh
DN Dadra an Nagar Haveli
DD Daman an Diu
DL Delhi
LD Lakshadweep
PY Puducherry (fréier Pondicherry)

Stied

Haaptstad vun Indien ass Nei-Delhi, direkt nieft Delhi, déi mat ronn 11 Milliounen Awunner, déi zweetgréisst Stad aus dem Land ass. Mat der Agglomeratioun sinn et 17 Milliounen. Delhi ass de kulturellen Zentrum vun der Hindicommunautéit am Norden. Déi gréisst Stad an och den ekonomeschen Zentrum vun Indien ass awer Mumbai, bis 1995 Bombay. Déi Metropol op der Westküst huet bal 13 Milliounen Awunner, 20 Milliounen, wann een d'Agglomeratioun matzielt. Drëttgréisste Stad ass Bengaluru, bis 2006 Bangalore. An där 5-Millioune-Stad si vill Firmen, déi mat neien Technologië schaffen, dofir gëtt se och alt d'„Silicon Valley vun Indien“ genannt. Kolkata, bis 2001 Calcutta oder Kalkutta, ass déi gréisst Stad op der Ostküst an ass, mat 4,6 Milliounen Awunner, déi véiertgréisst. Si gëllt als intellektuellen Zentrum. Chennai, bis 1996 Madras, kënnt op fënnefter Plaz, mat 4,3 Millioune Mënschen, si ass de kulturelle Mëttelpunkt vu Südindien, besonnesch vun den Tamilen.

Um Spaweck

Commons: Indien – Biller, Videoen oder Audiodateien