Op den Inhalt sprangen

Krankheet

Vu Wikipedia
Eng Infirmi�re nieft dem Bett vun enger kranker Fra.

Eng Krankheet ass e kierperlechen oder geeschtegen Zoustand vu reduz�ierter Leeschtungsf�egkeet, deen d�i normal Funktiounsweis vun engem Liewewiese st�iert. Nieft dem M�nsch k�nnen och D�ieren a Planze krank ginn.

E kranken Organismus huet s�i gesond Gl�ichgewiicht verluer. Krankheet geet dacks Hand an Hand mat Symptomer, d�i op den anormalen Zoustand hiweisen. W�inst dem breede Spektrum vu Krankheeten ass eng eendeiteg Definitioun vum Begr�ff Krankheet net �mmer m�iglech. Et ass och net �mmer m�iglech, eng kloer a schaarf Trennung t�scht der Krankheet an der Gesondheet z'etabl�ieren. Dat wat "normal" (gesond) an dat wat net "normal" (krank) ass, g�tt deels kulturell best�mmt.[1]

Krankheeten, d�i beim M�nsch dacks virkommen, si Grippen, Virusinfektioune vun den Otemwee�r, a psychesch Krankheete w�i Depressiounen. Geleefeg Krankheeten, d�i zum Doud f�iere k�nnen, si Kriibserkrankungen an H�erz- a Gef��sserkrankungen.

No enger Krankheet kann e Liewewiese stierwen oder er�m gesond ginn, oder awer e permanente Schued dovundroen (beim M�nsch zum Beispill eng Beh�nnerung). An der Preventioun geet et dor�m, fir Moossnamen ze huelen, fir d'Opkomme vu Krankheeten z'evit�ieren.

E M�nsch, bei deem eng Krankheet behandelt g�tt, heescht Patient oder Patientin.

An der Medezin ass d'Pathologie d'Fachgebitt, dat d�i verschidde Stadiume vun der Krankheet, d�i noenee kommen, �nnersicht. M�i spezifesch ass et d'Etiologie, d�i d'Ursaache vun de Krankheeten �nnersicht, an d'Pathogenees d�i de Verlaf vun de Krankheeten analys�iert. D'Medezin ass �nnerdeelt a Fachgebidder, d�i sech op �nnerschiddlech Krankheetsbiller spezialis�ieren. Esou befaasst sech d'Onkologie mam Kriibs, d'Kardiologie mam H�erz, d'Gastro-Enterologie mam Verdauungssystem an d'Psychiatrie mat psychesche St�ierungen.

Eng Epidemie ass eng Massenerkrankung, d�i z�itlech a lokal begrenzt an engem besonnesch staark Mooss optr�tt. Eng Pandemie ass eng Epidemie op globalem Niveau.

Commons: Krankheeten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Deutscher Caritasverband: Wie mit anderen Vorstellungen von Gesundheit und Krankheit umgehen? Empfehlungen und Hintergründe für eine kultursensible Beratung (Januar 2020)