Op den Inhalt sprangen

Renauld Oscar d'Adelsw�rd

Vu Wikipedia
Renauld Oscar d'Adelsw�rd
Gebuer 18. Dezember 1811
Lonkech
Gestuerwen 18. Februar 1898
Saint-H�lier
Nationalit�it Frankr�ich, Schweden
Aktivit�it Politiker, Schmelzh�r

De Barong Renauld Oscar d'Adelsw�rd, gebuer (als Renauld Oscar Adelsw�rd)[1],[2] den 18. Dezember 1811 zu Lonkech, a gestuerwen den 18. Februar 1898 zu Saint Helier op Jersey, war e frans�ischen Offiz�ier, Politiker, Schmelzh�r an Auteur.

No sengem Secondaire um Coll�ge Louis-le-Grand gouf hien op der Milit�rschoul vu Saint-Cyr ugeholl wou en 1836 als Officier d'�tat-major ofgeschloss huet. 1837 gouf hien op Compi�gne detach�iert an duerno koum hien 1838 bei d'Kavalerie op Lun�ville.

1841 war hien als Capitaine Fligeladjutant vum Generol Baraguey d'Hilliers mat am Asaz an Alg�rien, wou e schw�ier bless�iert gouf. Duerch eng ministeriell Decisioun vum 31. M�erz 1842 krut hien eng Mise en disponibilt� accord�iert. Vun 1843 bis 1844 w�i en d'Arm�i velooss huet war en zu Lyon Fligeladjutant vum Kommandant vun der 1. Infantriebrigade.

W�i e bei der Arm�i fort war huet en Z�it laang zu Nanzeg gewunnt, wou en am Gemengerot war a sech �m d'Sekretariat vum Aarmeb�ro bek�mmert huet.

Vum 23. Abr�ll 1848 bis de 26. Mee 1849 war hien Deput�ierten an der Assembl�e constituante fir d'Meurthe wou en d'Droite represent�iert huet.[4] Bei de Legislativwale den 13. Mee 1849 gouf hien er�mgewielt a blouf an der Chamber bis den 2. Dezember 1851. Beim Staatsstreech vun deem Dag gouf hie mat 220 anere Protestdeput�iert festgeholl an e puer Deeg am Mazasprisong agespaart. Duerno huet en emol virleefeg d'Politik un den Nol gehaangen.

Bei de Wale vun 1863 war hien nach eng K�ier op der L�scht, d�i K�ier awer bei der Oppositioun. Do huet hie g�int den Henri Buquet mat 9.024 g�int 19.606 St�mme verluer.

De Schmelzh�r

[�nneren | Quelltext �nneren]

1861 huet hien d'Schmelz vun Herserange opkaf, an 1865 op der Plaz wou d'Wunnhaus stoung, eng stattlech Residenz baue gelooss.[4]

1863 huet en op Terrainen d�i senger Mamm geh�iert hunn[5] ugefaangen Eisen�erz z'exploit�ieren an huet d'Usine du Prieur� zu Mont-Saint-Martin mat zw�in H�ichiewen opriichte gelooss[6]; 1870 koum en dr�tten, m�i groussen, dob�i.[7]

1880 huet en d'Usine du Prieuré mat der Usine Port-Sec zu Mont-Saint-Martin fusionéiert zu der Société des aciéries de Longwy.

De Renauld d'Adelswärt war de Bouf vum George Axel Adelswärt (1781-1842), e schweedeschen Offizéier a Barong deen 1807 als Krichsgefaangenen op Lonkech koum, an der Anne Catherine Honorine Bernard (1790-1874).

1843 wärend sengem Detachement als Offizéier zu Lyon huet hien d'Amélie Steiner (1825-1881) bestuet. D'Koppel krut zwéi Bouwen, de Gustave (1843-1895) an den Axel (1845-1887).

Hie war de Grousspapp vum Schrëftsteller Jacques d'Adelswärd-Fersen.

  • La Liberté de conscience en Suède. (1861)
  • Considérations sur la réformation et les lois de 1860 en Suède (1862)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gebuertsschäin
  2. Den Titel Barong krut en 1873 wéi e vum Napoleon III. d'Recht krut säi schweedeschen Titel a Frankräich ze droen Copie vum Brevet
  3. Déi meescht Informatioune stamen souwäit net anescht vermierkt vun der Websäit vun der Assemblée nationale
  4. 4,0 4,1 "Usine de Herserange" op industrie.lu; gekuckt: 21013-06-28.
  5. Plang vun de Konzessiounen déi senger Mamm gehéiert hunn
  6. Une aristocratie industrielle: les maître de forges en Lorraine
  7. "Usine du Prieuré" op industrie.lu; gekuckt 2013-06-28.
  8. Dekreet vum 31. Dezember 1872; Numéro d'ordre des matricules:12.811
  9. Hie war schonn am August 1841 Chevalier genannt ginn