Op den Inhalt sprangen

Zwak (Mythologie)

Vu Wikipedia
E weiblechen Zwak an enger m�ttelalterlecher Duerstellung (1474)

En Zwak, dacks g�tt dat d�itscht Wuert Zwerg gebraucht, ass an der Mythologie e Wiesen, dat meeschtens �nner dem Buedem lieft. Dacks g�tt sou Wiesen eng iwwerm�nschlech Kraaft a Muecht nogesot. Der Seeche no, g�lle se als raffin�iert a k�nne souguer Zauberkr�ft hunn. Hiren Urspronk hu se an der nordescher Mythologie.

Ernimmt gi se virun allem an der Edda, donieft awer och an anere See�rcher. D'Zwake spillen awer och a ville M�rercher aus dem 14. a 15. Joerhonnert eng grouss Roll. Haut beg�int ee se heefeg an der moderner Fantasy-Literatur, sou zum Beispill am J. R. R. Tolkien sengem Buch De klengen Hobbit oder dem Lord of the Rings-Eepos.

D'Etymologie vum Wuert Zwak oder Zwerg ass ongew�ss. Ugeholl g�tt, datt et en Zesummenhang mam alh�ichd�itsche Wuert gidrog (Geescht, Gespenst) resp. mam alindeschen dhvaras (d�monescht Wiesen). Grad dat lescht Beispill ass Famill mam engleschen Dwarf. Munnech Zwaken hunn Nimm, d�i drop hiweisen, datt se urspr�nglech Doudesd�mone waren, zum Beispill N�r (L�ich), Bl�inn (Blo, d�s Faarf symbolis�iert den Doud) oder D�inn (Doud). Dat l�tzebuergescht Wuert Zwak, u sech schonn en aalt Wuert, f�nnt zanter kuerzem nees eng gr�isser Verbreedung duerch d'Iwwersetzung vum Klengen Hobbit.

Hannergrond vum Zwakemythos

[�nneren | Quelltext �nneren]

Et g�tt verschidden Hypotheesen iwwer den Urspronk vum Zwakemythos. Eng geet dovun aus, datt de geschichtlechen Hannergrond an der Bronzz�it ze siche wier: w�rend d�r Epoch si vill M�nschen aus dem M�ttelmierraum an de Norde vun Europa ausgewandert, fir do Z�nn ofzebauen, dee fir d'Fabrikatioun vu Bronz gebraucht gouf. D�i Biergleit ware vun der Kierpergr�isst hier m�i kleng w�i d'Nordeurop�er. Doduerch loosse sech zwou Tatsaachen erkl�ren: Fir d'�ischt d�i, datt d'Zwaken zu de w�inege Figuren an der Mythologie geh�ieren, d�i enger kierperlecher Aarbecht noginn an dann d'Tatsaach, datt ee meeschtens vu m�nnlechen Zwake schw�tzt, well weiblech Biergleit och zu d�r Z�it relativ rar waren. Dob�i k�nnt nach, datt fr�ier dacks Kanner fir sou Aarbechten agesat gi sinn, sou w�i dat haut och nach a verschiddenen Entw�cklungsl�nner de Fall ass. D�i haart Aarbecht am Kanneralter hat net rar als Folleg, datt de Wuesstem staark geh�nnert gouf. Verkr�ppelungen an e Bockel waren och net rar, dat belee�n och Schanken d�i aus d�r Z�it fonnt goufen.

Weider charakteristesch Opf�llegkeeten, w�i een se vun engem Zwak aus de Bridder Grimm M�rercher kennt, ass d'Zipfelmutz. Dat huet e geschichtlechen Hannergrond: well d�i fr�i Biergleit keng Helmer haten, w�i mer se haut kennen, hu se ze grouss gerode Mutze mat Woll ausgestoppt, fir de Kapp vu Steng, d�i eroffalen, ze sch�tzen. Dat Bild vun Zwake gouf virun allem duerch d'Schn�iwittchegeschichten an de Filmer verbreet.

Eng Zeechnung vun engem "modernen" Zwak

D'Zwaken am Fantasy-Genre

[�nneren | Quelltext �nneren]

D'Zwake sinn e feste Bestanddeel an der Fantasy-Literatur. Sou geh�iere se zum Beispill zu de Fr�ie V�lker am Tolkien sengem Wierk Lord of the Rings souw�i zu den Haaptcharakteren a Spillfiguren a ville Bicher a Rollespillsystemer w�i Das Schwarze Auge an Dungeons & Dragons. D�i Wierker hunn den Archetyp vum Zwak geformt. Sou stellt ee sech den Zwak haut w�i e klenge Biergaarbechter vir, deen �nner dem Buedem no Metaller a Karfonkelsteng grueft. Zwake sinn �nner sech geselleg a fir all Dr�nkfest ze hunn, Frieme g�intiwwer wierken se awer zer�ckhalent wa net souguer aggressiv. Zanter de R�ngkricher a Middleearth stellt ee se sech mat enger Aaxt vir.

Commons: Zwak (Mythologie) – Biller, Videoen oder Audiodateien